18. & 19. Mee 2024

Kommt eis besichen op d' Maker Faire, zu Rouspert am Bongert vun 10 - 18 Auer, wou d’Sauerquakerten mat 2 kreativen Ateliere vertruede sinn.

(klickt op den Logo fir wéider Informatiounen op der offizieller Homepage vu Maker Faire Luxembourg)

Music_MAKER

Beim éischten Atelier baue mir eis Musiksinstrumenter selwer. Einfach, faarweg an si liichten am Donkelen.

Kniwweleg afFAIRE

Beim zweeten Atelier dréint sech alles emt Bauen. Hei kenne Kanner hirer Fantasie freie Laf loossen an et gëtt souguer eng kleng Bau-Challenge organiséiert.

Vun all den Creatiounen maachen mir Fotoen déi dir quasi live hei kënnt kucken:

Meet the Makers

Hei fann Dir eng komplett Lëscht vun all den Exposanten

Hei fann Dir ee genaue Plang a Parking

11. Mee 2024

Groussen Erfolleg fir den Kannerfloumaart !

Mir freeën eis, matzedeelen, dass de Kannerfloumaart dëse Samschdeg zu Rosport eng groussen Erfolleg gëtt! Et hunn sech 35 begeeschtert Exposanten ugemellt an zesummen 58 Verkafsdëscher fir de Floumaart reservéiert. 

Fir nëmmen 10€ pro Stéck hunn eis Exposanten d’Méiglechkeet, hier Schätz unzebidden an op dësem Wee eise Kannerchouer ze ënnerstëtzen.

Mir wëllen all deene Merci soen, déi sech ugemellt hunn, a freeën eis drop, Iech all am Sauerpark ze gesinn. Kommt bis  laanscht luussen, gutt Wieder ass scho bestallt :-) !

Op d'Bild klicken fir iech den Flyer als PDF erof ze lueden !

Op d'Bild klicken fir iech de Programm als PDF erof ze lueden !

23. Mäerz  2024 

Den 23. Mäerz hate mir eise flotte Concert "Sing Together". De Sall "A Lannen" war bis op déi leschte Plaz voll besat. Souguer eis Buergermeeschtesch Stephanie Weydert huet um Saxophone matgespillt an den Tom Conrad um Akkordeon. De Charles Conrad huet wei ëmmer dirigéiert an den Denis Ascani huet d' Kanner um Piano begleet. D’Publikum huet bei verschidde Lidder haart matgesongen an zum Schluss krut Stephanie seng Versioun vum Lidd “Ech sinn déi fläisseg Buergermeeschtesch” bei der Zugab gesongen.

Hei fann Dir d'Fotoen

19. Januar 2024 

Ovatioun

D'Sauerquakerten sangen am Kader vun der Ovatioun vun der Madame Députe-Maire Stéphanie Weydert "Ech sinn déi fläisseg Buergermeeschtesch" zu Rouspert am Bongert

Dirgent: Charles Conrad

Akkordeon: Tom Conrad

Néien Text: geschriwwen vun dem Comité vun den Sauerquakerten


Original: Ech sinn e groussen Hexemeschter - Dicks 1823 - 1891, Edmond de la Fontaine

An als zweet Lidd "Do It Again" vum Ray Dalton

Däin Kand huet Freed um sangen ?

Ma dann séier op "Umeldung" gedréckt, éier all d'Plazen dës Schouljoer besat sinn !

Kléng Quakerten: 


Grouss Quakerten: