11. Mee 2024
Kannerfloumaart
vun 10.00 bis 16.00 zu Rouspert am Sauerpark
Fir ze verkafen:
Umeldungsschluss fir kënnen auszestellen: 04.05.2024
Präis: 10 Eur pro Unitéit (1 Dësch +/- 200x50cm mat 2 Bänken
Dëscher an Bänken kritt dir gestallt an opgeriicht
Maximal 2 Unitéiten pro Famill
Ab 9 Auer kann een opriichten
D’Plazen sin limitéiert !
Programm a Kanneranimatioun:
11.30 Auer: Concert vun den Rousperter Noutefrupserten
Vun 13 - 15 Auer: Päerd reiden
Vun 13 - 16 Auer Kannerschminken
Fir Iessen an Drenken ass beschtens gesuergt
De Formulaire fir iech unzemellen souwéi eis Konditiounen fannt dir hei:
23. Mäerz 2024
Den 23. Mäerz hate mir eise flotte Concert "Sing Together". De Sall "A Lannen" war bis op déi leschte Plaz voll besat. Souguer eis Buergermeeschtesch Stephanie Weydert huet um Saxophone matgespillt an den Tom Conrad um Akkordeon. De Charles Conrad huet wei ëmmer dirigéiert an den Denis Ascani huet d' Kanner um Piano begleet. D’Publikum huet bei verschidde Lidder haart matgesongen an zum Schluss krut Stephanie seng Versioun vum Lidd “Ech sinn déi fläisseg Buergermeeschtesch” bei der Zugab gesongen.
Hei fann Dir d'Fotoen
19. Januar 2024
Ovatioun
D'Sauerquakerten sangen am Kader vun der Ovatioun vun der Madame Députe-Maire Stéphanie Weydert "Ech sinn déi fläisseg Buergermeeschtesch" zu Rouspert am Bongert
Dirgent: Charles Conrad
Akkordeon: Tom Conrad
Néien Text: geschriwwen vun dem Comité vun den Sauerquakerten
Original: Ech sinn e groussen Hexemeschter - Dicks 1823 - 1891, Edmond de la Fontaine
An als zweet Lidd "Do It Again" vum Ray Dalton
Däin Kand huet Freed um sangen ?
Ma dann séier op "Umeldung" gedréckt, éier all d'Plazen dës Schouljoer besat sinn !
Kléng Quakerten:
Précoce bis 1. Schouljoer. (Zyklus 1 bis 2.1)
Donneschdes vun 14.00 bis 14.45 Auer
Am Reemerhoof zu Rouspert
Grouss Quakerten:
Ab dem 2. Schouljoer. (ab Zyklus 2.2.)
Freides vun 16.10 bis 17.15 Auer
Am Reemerhoof zu Rouspert