Wéini ass den Kannerfloumaart ?
Samsdes den 17. Mee 2025
vun 10:00h bis 16:00h
Wou ass de Kannerfloumaart ?
Zu Rouspert am Sauerpark
Accès a Parking ?
Moies vun 9:00h bis 10:00h kann mat engem Auto beim Rond Point iwwert d'Vëlospist d’Saachen op de Stand brénge. Am ganzen gi et 3 Parkingen, Parking 1 ass op der Haaptstrooss, Parking 2 no der Spillplatz bei der Sauer an den gréissten Parking 3 virun der Tankstell Total, heidrënner fannt dir ee genaue Plang
Iessen a Gedrénks ?
Moies gëtt et Kaffi an selwer Gebakenes an Mëttes lecker Saache vum Grill.
Natierlech därf ee Béierstand net feelen.
Gëtt et eng Toilette am Sauerpark ?
Jo, tëschent dem Parking 1 an dem Béierstand
Gëtt ëppes gebueden fir Kanner ?
D’Kanner kennen geschminkt gin, se kennen op Ponyen reiden an et gett eng Schatzsuche am Sauerpark.
Dann gëtt et am Sauerpark nach eng ganz schéin Spillplatz mat Schaukelen, Rutschen, Klettergerüst, Sandkëscht… alles wat ee Kannerhäerz begiert. Bei warmen Wieder kënne si sech souguer op der grousser Wasserspillplaz erfrëschen. Fir ze relaxéieren ginn et e puer Liegebänken.
Dir sidd interesséiert drun mat engem Stand um véierten Kannerfloumaart matzemaachen?
Dann fëllt w.e.g. den online Umeldeformulaire um Enn vun der Sait aus.
De Kannerfloumaart ass fir Privatpersounen déi hier benotzen Saachen wellen verkaafen! De Verkaf vu Liewensmëttel, Gedrénks an Allem wat gesetzlech verbueden ass, ass strengstens ënnersot.
Eng Standplaz Unitéit huet 2 Meter Verkafsfront (1 Dësch 200x50cm an 2 Bänken 200x25cm) stinn zur Verfügung. De Präis ass 10€ pro Unitéit. Maximal kann een 2 Unitéite pro Famill reservéieren.
Eegen Stänner, Sonneprabbli, Pavillon, Campingstill, an Änleches kënnen matbruecht ginn. Se dierfen awer net aus der ausgewisener Zone raus kucken.
Umellen kann en sech op www.Sauerquakerten.lu wann een den online Formular ausfëllt. Nom ausfëllen kritt een eng automatesch e-Mail mat der Rechnung an der Unzuel vun den reservéierten Unitéiten.
Duerch d’Iwwerweise vum Standgeld op den Raiffeisenkonto IBAN: LU67 0090 0000 1358 8496 ass d’Reservatioun bestätegt. Op der Platz dierf net méi bezuelt gin.
An der Kommunikatioun vun der Iwwerweisung muss är Umeldungnummer an d’Unzuel vun den Unitéiten stoen (Beispill: Kannerfloumaart 1. Umeldung fir 1 Unitéit).
Wann dir nët kommen kéint, bieden mir Iech, aus organisatoreschen Grënn är Reservéierung per e-Mail op sauerquakerten@gmail.com ze annuléieren, (och den Dag selwer). D’Suen vum Stand gin net rembourséiert, wann dir en annuléiert.
Den Demandeur ass och deen dee Moies do muss si wann den Stand opgeriicht gëtt.
Den Dag vum Kannerfloumaart kann ee Moies vun 9:00h. bis 10:00h mat engem Auto d’Saachen op de Stand bréngen an nom auslueden op een vun den 4 Parkingen stellen. Duerno ass den Zougang vun der Vëlospist zou bis 16:00h.
De Kannerfloumaart ass vun 10:00h bis 16:00h. All déi e Stand hu, si gehale sou laang dobäi ze bleiwen an net virun der Zäit opzehalen.
D’Uweisungen vun den Responsabele vum Kannerchouer Sauerquakerten sinn anzehalen an ze respektéieren.