Konditounen an Umeldung

Informatiounen

Wéini ass den Kannerfloumaart ?

Samschdes den 11. Mee 2024

vun 10:00h bis 16:00h


Wou ass de Kannerfloumaart ?

Zu Rouspert am Sauerpark


Wien ass den Organisateur ?

Den Kannerchouer Sauerquakerten vu Rouspert


Wéi gesäit et am Sauerpark aus ?

kuckt Iech den Video vun 2022 un:

Accès ?

Moies vun 9:00h bis 10:00h kann mat engem Auto beim Rond Point iwwert d'Vëlospist d’Saachen op de Stand brénge.

Hei ass de Plang vum Accès:

Parking ?
Am ganzen gi et 3 Parkingen, Parking 1 ass op der Haaptstrooss, Parking 2 no der Spillplatz bei der Sauer an den gréissten Parking 3  virun der Tankstell Total.

Hei ass de Plang vum Parking:

Iessen a Gedrénks ?

Moies gëtt et Kaffi an selwer Gebakenes an Mëttes lecker Saache vum Grill.

Natierlech därf ee Béierstand net feelen.


Gëtt et eng Toilette am Sauerpark ?

Jo, tëschent dem Parking 1 an dem Béierstand


Gëtt ëppes gebueden fir Kanner ?

D’Kanner kennen geschminkt gin, se kennen op Ponyen reiden an et gett een Concert vun den Noutefruppserten.

Dann gëtt et am Sauerpark nach eng ganz schéin Spillplatz mat Schaukelen, Rutschen, Klettergerüst, Sandkëscht… alles wat ee Kannerhäerz begiert. Bei warmen Wieder kënne si sech souguer op der grousser Wasserspillplaz erfrëschen. Fir ze relaxéieren ginn et e puer Liegebänken.



Konditioune fir e Stand opzeriichte sinn:

7. Wann dir nët kommen kéint, bieden mir Iech, aus organisatoreschen Grënn är Reservéierung per e-Mail op sauerquakerten@gmail.com ze annuléieren, (och den Dag selwer). D’Suen vum Stand gin net rembourséiert, wann dir en annuléiert.


8. Den Demandeur ass och deen dee Moies do muss si wann den Stand opgeriicht gëtt.


9. Den Dag vum Kannerfloumaart kann ee Moies vun 8:00h. bis 10:00h mat engem Auto d’Saachen op de Stand bréngen an nom auslueden op een vun den 4 Parkingen stellen. Duerno ass den Zougang vun der Vëlospist zou bis 16:00h.


10. De Kannerfloumaart ass vun 10:00h bis 16:00h. All déi e Stand hu, si gehale sou laang dobäi ze bleiwen an net virun der Zäit opzehalen.


11. D’Uweisungen vun den Responsabele vum Kannerchouer Sauerquakerten sinn anzehalen an ze respektéieren.


Umeldung:

Dir sidd interesséiert mat engem Stand um drëtten Kannerfloumaart vum Kannerchouer Sauerquakerten matzemaachen?

Dann fëllt wannechglift dësen online: